CapitalatWork stäerkt hir lëtzebuerger Equipe mat der Arrivée vum Guy Oberweis, en erfuerenen a passionéierte Privatbanker.
Guy Oberweis, bréngt eng zolidd Erfarung vu 25 Joer am Lëtzebuerger Bankesecteur mat, dorënner 10 Joer Private anking.
Hien huet seng Carrière als conseiller en placements bei der Spuerkeess (BCEE) ugefaangen. Duerno huet hien als Senior Client Advisor fortunéiert Clients an der Banque Privée beroden. No 19 Joer Carrière ass hien bei d’Banque Internationale à Luxembourg (BIL) gaangen, wou hien successiv d’Positioun vum Senior Client Advisor, Chef vum Private Banking Center, Head of Business Owners & UHNWI a Client Partner ausgeübt huet. An dëse Positiounen huet hien eng zolidd Experience an der Verméigensverwaltung fir fortunéiert Clients an Entrepreneur entwéckelt. Hien huet och e Team vu Senior Private Bankers geleet.
Clientsberodung a personaliséierte Service, déi zu der ADN vu Capitalatwork gehéieren, passen zu der Beruffsphilosophie vum Guy Oberweis.
Guy Oberweis, Senior Wealth Manager: „CapitalatWork huet sech als e féierende Acteur an der Verméigensverwaltung etabléiert, an ech si frou, zu hirem Wuesstem an enger dynaescher Equipe bäizedroen .”
Gregory Vandendael, Team Leader Wealth Management CapitalatWork Luxembourg: “Ech si frou de Guy Oberweis an eiser Equipe begréissen ze kënnen. Seng Erfarung a séi Leadership wäerten CapitalatWork erlaaben, säin Engagement fir personaliséiert a finanziell Léisungen fir letzebuerger Privatléit, Famillen an Entrepreneure weider ze developpéieren.“